From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Ligue luxembourgeoise du coin de terre et du foyer, ofgekierzt CTF, op Lëtzebuergesch och alt Gaart an Heem, ass eng lëtzebuergesch Liga déi sech fir d'Fërdere vum Gaart- an Uebstubau als Fräizäitbeschäftegung asetzt.
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ligue luxembourgeoise du coin de terre et du foyer | |
---|---|
Ofkierzung | CTF |
Zweck | Fërdere vum Gaart- an Uebstubau als Fräizäitbeschäftegung |
Grënnungsdatum | 1928 |
Memberen | 19.511 (2018) |
Sëtz |
97, rue de Bonnevoie, Lëtzebuerg |
President | Martine Mergen |
Duerch e Règlement ministériel ass se zanter 1993 als staatlech Naturschutzvereenegung unerkannt.
D'Liga ass 1928 aus der Fusioun vun den dräi Associatiounen „Coin de Terre et du Foyer“, „Cercle Horticole“ an „Amis de la Fleur“ entstanen. Se setzt sech aus lokale Sektiounen, déi als landwirtschaftlech Genossenschafte unerkannt sinn, zesummen. E puer vun dëse Sektiounen hu sech mëttlerweil als Asbl registréiere gelooss an op de Privileeg vun der landwirtschaftlecher Genossenschaft verzicht.
2018 bestoung d'Liga aus 111 Sektioune mat ronn 19.511 Memberen[1].
Typ | Zäitschrëft |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Sujeten | Gaardenaarbecht |
Websäit | ctf.lu |
D'CTF gëtt eng Zäitschrëft fir hir Memberen eraus, déi Gaart an Heem heescht, sou wéi d'Liga am Volleksmond genannt gëtt. Si kënnt sechsmol d'Joer eraus.
Commons: Gaart an Heem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.