Lanzarote
From Wikipedia, the free encyclopedia
Lanzarote ass déi nordëstlechst vun de siwe grousse Kanareschen Inselen, déi am Atlantik eng vun de siwwenzéng autonome Regioune vu Spuenien bilden. Lanzarote läit ronn 140 Kilometer westlech vun der marokkanescher Küst a ronn dausend Kilometer vum spuenesche Festland ewech. Bei enger Fläch vun 845,94 Quadratkilometer huet se e Flächenundeel vun 11,29 Prozent un der Gesamtfläch vun de Kanareschen Inselen.
Als éischt ganz Insel gouf Lanzarote 1993 vun der UNESCO zum Biosphärereservat erkläert.

Verwaltung
Lanzarote gehéiert zu der spuenescher Provënz Las Palmas an zanter 1986 zu der Europäescher Unioun. D'Haaptstad ass Arrecife, déi offiziell Sprooch ass Spuenesch. Lanzarote huet en eegenen Inselrot, den cabildo insular, dee vun der Manuela Armas presidéiert gëtt.
Geologie
Lanzarote ass eng Insel mat vulkanescher Originn. Viru ronn 36 Millioune Jore koum et zu enger Rei vu vulkaneschen Ausbréch ënner dem Mier, déi de Sockel vun der Insel gebilt hunn. Viru 15,5 Millioune Joren ass Lanzarote iwwer d'Mieresiwwerfläch erausgewuess. Dat erkläert och, firwat de Buedem duerch de Lava bal iwwerall eng brong bis schwaarz Faarf huet.
Fotoen
- Jardín de Cactus
- Cueva de los Verdes
- El Golfo
- Timanfaya National Park
- Timanfaya National Park
- Timanfaya National Park
- Timanfaya National Park
- Salinas del Janubio
- La Geria
- La Graciosa / Mirador Del Rio
- Playa Blanca
Um Spaweck
Commons: Lanzarote – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.