Remove ads
Belsch-lëtzebuergesche Film From Wikipedia, the free encyclopedia
Läif a Séil (engleschen Titel: The Last Ashes) ass e lëtzebuergesch-belsche Spillfilm a Lëtzebuerger Sprooch vum Loïc Tanson. E koum de 25. Oktober 2023 an de Kino.[3] Et handelt sech ëm e Western a Filmdrama.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg Belsch |
Produktiounsjoer | 2022 |
Première | 2023 |
Dauer | 120 min |
Faarf |
Faarweg, Schwaarz-Wäiss |
Filmformat |
16 mm, 35 mm |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Loïc Tanson |
Dréibuch |
Loïc Tanson Frédéric Zeimet |
Fotografie | Nikos Welter |
Musek | Thorunn Egilsdottir & Mike Koster |
Schnëtt | Loïc Tanson |
Dekoren | Christina Schaffer |
Produzent |
Claude Waringo Patrick Quinet |
Produktiouns- gesellschaft |
Samsa Film Artémis Productions |
Schauspiller | |
Sophie Mousel (Hélène - Oona) Luc Schiltz (Pier) Konstantin Rommelfangen (dem Hélène säi Papp) Philippe Thelen (Luc) Jules Werner (Graff) Timo Wagner (Jon) Larisa Faber (dem Hélène seng Mamm) Henner Momann (hollänneschen Zaldot)[1] Tommy Schlesser (Henri) Marie Jung (Marie) Jean-Paul Maes (Paschtouer Meyers) Denis Jousselin (Kremer) Jeanne Werner (Sindonie) Max Gindorff (Tom) Colette Kieffer (Fra aus dem Duerf) Marc Baum (Mann aus dem Duerf) Jules Waringo (Mann aus dem Duerf) Pierre Bodry (Mann aus dem Duerf) Frank Grotz (Appersmann)[2] | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
D'Hélène kënnt 1854, no 15 Joer ënner enger neier Identitéit, an d'Duerf zeréck, wou et als Kand opgewuess ass, a vu wou et deemools huet misse fortlafen. Hatt kënnt zeréck fir Revanche un der Graff-Famill ze huelen...[4]
D'Dréibuch fir de Film huet de Loïc Tanson zesumme mam Frédéric Zeimet geschriwwen.
De Film Fund Luxembourg huet 2.800.000 Euro vum Gesamtbudget, deen op 3.718.000 Euro chiffréiert gouf, bäigedroen.[5]
D'Dréiaarbechte ware vum 25. Abrëll bis de 25. Juni 2022[1], virun allem bei der Buerg Eyneburg zu Hergenrath an der Gemeng Kelmis, an der däitschsproocheger Belsch.
Fir de Film, dee viru bal 200 Joer Joer an am Éislek spillt, gouf vum Ian De Toffoli ënner Mataarbecht vun der Uni Lëtzebuerg eng speziell Sprooch entwéckelt, déi Charakteristike vun engem Dialekt aus dem Norde soll hunn an e bëssen archaesch klénge soll, ma trotzdeem verständlech soll sinn, ouni lächerlech ze kléngen.[6]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.