De Kosmos (russeschКосмос) ass eng Standardbezeechnung fir verschidde sowjetesch, resp. russesch Äerdsatellitten a Raumgefierer. Fir d'éischt gouf 1962 e Satellit mam Numm Kosmos 1 gestart. Well bei deem Start och eng nei Drorakéit gebraucht gouf, gouf déi, wéi et an der Sowjetunioun normal war, och no der Notzlaascht genannt, also gouf d'Drosystem och mat Kosmos bezeechent.
Ausserdeem goufe mat Kosmos vill verschidden Äerdsatellitte bezeechent, iwwer déi een näischt Geneeës matdeele wollt (z.B. militäresch Satellitten, Prototyppe vun neie Raumgefierer). Dofir ass d'Zuel vun de Missiounen, déi ënner deem Numm gelaf sinn, séier gewuess. Scho Mëtt vun den 1970er Jore war d'Zuel 1000 erreecht. Zousätzlech kruten och feelgeschloe Missiounen dacks Kosmos-Benennungen. Och haut gëtt et Kosmos-Bezeechnunge fir militäresch Missiounen.
Eng Kosmos-Bezeechnung haten ënner anerem:
Ënnersich vun der Héichtestralung: Kosmos 3, 5, 6, 17, 19
Geomagnéitesch Fuerschung: Kosmos 26, 49
Ënnersich vu geluedenen Deelercher am Äerdmagnéitfeld: Kosmos 41
Ënnersich vun der Infrarout- an Ultraviolettstralung vun der Äerd: Kosmos 45, 65
Ënnersich vun der Luminositéit vum Stärenhimmel am ultravioletten a visuellem Beräich vum Spektrum: Kosmos 51
Ënnersich vun der Infrarout- an der Gammastralung vun der Äerd: Kosmos 92
Ënnersich vun der Relativitéitstheorie mat engem Molekular-Quantegenerator: Kosmos 92