D'Kierch zu Wäiswampech ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wäiswampech gehéiert.

Méi Informatiounen Par, Dekanat ...
Kierch vu Wäiswampech
Thumb

Filialkierch vu Wäiswampech (2014)
Filialkierch vu Wäiswampech (2014)
Uertschaft / PlazWäiswampech
Par Ëlwen–Wäiswampich
Saint-François
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Jang
vun Nepomuk
Baujoer 1880
Koordinaten 50° 09’ 50.0’’ N
      06° 05’ 18.0’’ O
Kierchen - Kapellen
Zoumaachen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Jang vun Nepomuk, deem säi Fest de 16. Mee gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Kiricheneck. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht

Zu Wäiswampech gouf 1735 eng nei Kierch gebaut.[1] Warscheinlech gouf dës Kierch 1880 duerch déi haiteg Kierch ersat, well iwwer dem Kiercheportal steet d'Joreszuel 1880.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Wäiswampech, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet.

Uergel

An der Kierch steet eng Uergel vun der Firma Sebald vun Tréier aus dem Joer 1975.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Kierch Wäiswampech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 173

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.