kathoulesch Kierch From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch zu Useldeng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Useldeng gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vun Useldeng (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Useldeng | |||
Par | Atertdall Sainte-Claire | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Péitrus | |||
Architekt(en) | Jean-Pierre Knepper | |||
Baujoer | 1900 | |||
Koordinaten | 49° 46’ 3.9’’ N 5° 58’ 45.5’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Péitrus, deem säi Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.
Se steet op der Kräizung vun der Kierchestrooss (rue de l'Église) mat der Areler Strooss (route d'Arlon), der N24, net wäit vun der Useldenger Buerg.
D'Kierch gouf 1900 no Pläng vum Architekt Jean-Pierre Knepper gebaut.
Bis zum 7. Mee. 2017 war et d'Parkierch vun der Par Useldeng, déi zum Parverband Biekerech-Useldeng, zu der Pastoralregioun Zentrum an zum Dekanat Osper gehéiert huet. Zur fréierer Par Useldeng huet ausser der Parkierch och nach d'Filialkierch vu Rippweiler gehéiert.
D'Kierch vun Useldeng huet e schéine barocken Tabernakel vum Michel Weiler an en Triptychon aus dem Atelier Jungblut vu Réimech. Se huet eng Klack, déi am Schlagtoun La laut.
Commons: Kierch Useldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.