From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch vu Räichel ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Réiden op der Atert gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vu Räichel (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Räichel | |||
Par | Atertdall Sainte-Claire | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Celsus | |||
Architekt(en) | Charles Arendt | |||
Baujoer | 1855 | |||
Koordinaten | 49° 46’ 22.3’’ N 5° 55’ 37.2’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner ass den hellegen Celsus, deem säi Fest den 23. Februar gefeiert gëtt.
D'Kierch steet op der Kräizung vun der rue Mgr Jean Bernard mat der rue de Saeul, der N12.
Zanter dem 17. Dezember 2001 steet d'Kierch am Inventaire Supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als "Nationaalt Monument".
Déi elegant Kierch gouf 1855 no Pläng vum Architekt Charles Arendt opgeriicht. De Banneraum gouf nom Zweete Vatikanesche Konzil nei amenagéiert. D'barock Statue si vum Michel Weiler.
Bis zum 7. Mee. 2017 war et eng Filialkierch vun der Par Osper. Zur fréierer Par Osper huet ausser der Filialkierch vu Räichel och nach d'Dekanatskierch vun Osper gehéiert.
Commons: Kierch Räichel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.