kathoulesch Kierch From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch zu Hollerech ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kierch vun Hollerech | ||||
Uertschaft / Plaz | Hollerech | |||
Par | Lëtzebuerg Notre-Dame | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Hl. Péitrus a Paulus | |||
Architekt(en) | Charles Arendt | |||
Baujoer | 1872-73 | |||
Koordinaten | 49° 35’ 56.8’’ N 06° 07’ 07.8’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Patréiner vun der Kierch sinn déi zwéin Helleg Péitrus a Paulus deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.
D'Kierch steet op der Kräizung vun der Escher Strooss, der N4, mat der Hollerecher Strooss, der N56, an dem Enn vun der Escher Autobunn, der B4.
Se gouf an de Joren 1872-1873, no de Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt am neogotesche Stil gebaut. 1920 gouf se bannena vum Nicolas Brücher bemoolt. Dës Molereie sinn awer bei där éischter Restauréierung verschwonnen. 1978 gouf d'Kierch eng zweet Kéier restauréiert fir se den Neierunge vun der Liturgiereform unzepassen.
Riets a lénks vun der Entréesdier sti Statue vun den zwéi Patréiner vun der Kierch, dem hellege Péitrus an dem hellege Paulus.
An der Hollerecher Kierch hänke 4 Klacke mam Schlagtoun La Sol Fa an Re och genannt als La (a'), Sol (g'), Fa (f'), an Re (d').
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch Hollerech.
Commons: Kierch Lëtzebuerg-Hollerech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.