kathoulesch Kierch From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch zu Géisdref ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Géisdref gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Kierch am Juli 2016 | ||||
Uertschaft / Plaz | Géisdref | |||
Par | Öewersauer Saint-Pirmin | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Kräiz | |||
Konsekratioun | 1873 | |||
Koordinaten | 49° 55’ 15.1’’ N 5° 58’ 1.4’’ O | |||
D'Karl-Göckel Uergel vun 2005 | ||||
Kierchen - Kapellen |
Par Géisdref, zum Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin, zu der Pastoralregioun Norden, zum Dekanat Wolz an zu der Gemeng Géisdref gehéiert. Paschtouer Marco Wehles vun Eschduerf.
D'Kierch ass dem hellege Kräiz geweit. D'Fest gëtt de 14. September gefeiert.
Se steet am Zentrum vum Duerf op der Kräizung vum CR321 mat dem CR361. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Den 29. September 2021 gouf d'Kierch mam Kierfecht als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Zur fréierer Par Géisdref gehéiert ausser der Parkierch vu Géisdref och nach d'Méchelskapell zu Boukels.
De Kierchtuerm staamt aus dem Joer 1773[2] (iwwer der Aganksdier ass allerdéngs d'Joreszuel 1747 agravéiert).
Dat neo-gotesch Kiercheschëff ass ëm 1870 erneiert a vergréissert ginn a gouf 1873 konsekréiert. Den Altor ass 1903 vun der Firma Theves vun Housen geliwwert ginn.
Bis de 7. Mee 2017 war d'Kierch vu Géisdref och d'Parkierch vun der Par Géisdref, déi zum Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Géisdref huet ausser der Parkierch vu Géisdref och nach d'Méchelskapell zu Boukels gehéiert.
D'Uergel gouf 2005 vun der Firma Karl Göckel vu Mühlhausen/Rettigheim bei Heidelberg a Baden-Württemberg gebaut.
Commons: Kierch Géisdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.