Kalorie
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Kalorie (lat. calor „Wäermt“; Ofkierzung: cal) ass eng zanter dem 1. Januar 1978 net méi zougeloosse Moosseenheet fir d'Energie. D'Kalorie ass duerch d'Moosseenheet Joule ofgeléist ginn. Trotz dem internationalen a wëssenschaftlechen Numm vun dëser neier Moosseenheet Joule, konnt se sech awer net am normale Sproochgebrauch duerchsetzen. Sou gëtt den Energiegehalt vun de Liewensmëttel weiderhin a Kalorien oder Kilokalorien uginn.
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Kalorie ass déi Energie déi gebraucht gëtt fir 1 ml Waasser vu 14,5 °C op 15,5 °C z'erwiermen.
Eng Kalorie = 4,184 Joule.
Eng Kilokalorie (Ofkierzung: kcal) huet 1000 Kalorien, wat 4184 Joule entsprécht.
Kuckt och
- Regime
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.