spuenesch–lëtzebuergesche Komponist, Museker a Dirigent From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Ivan Boumans, gebuer den 12. November 1983 zu Madrid, ass e spuenesch-lëtzebuergesche Museker, Komponist, Dirigent a Professer.
Ivan Boumans | |
---|---|
Gebuer |
12. November 1983 Madrid |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Paräisser Conservatoire, Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist, Professer, Dirigent |
De Boumans huet a Spuenien, der Heemecht vu senger Mamm, ugefaange Musek ze léieren, am Ufank zu Valverde del Jucar an duerno an enger privater Museksschoul zu Cuenca.
1998 koum hien op Lëtzebuerg, d'Heemecht vu sengem Papp, wou hien nach weider am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg Musek studéiert huet (Kompositioun, Orchester Direktioun, Harmonie, Piano, Klarinette, Museksgeschicht, Uergel, Pedagogie,... ë. a.)
Vun 2006 bis 2011 huet hien zu Paräis, um Conservatoire national supérieur de musique et de danse de Paris studéiert wou hien e Master Diplom am Musekschreiwe gemaach huet.
Säi Kompositiounskatalog huet méi wéi honnertfofzeg Titelen, mat Wierker déi vu sinfonesch bis op Solo Repertoire ginn. Vill vun deene Kompositioune sinn Optragswierker a goufe vu besonneschen Ensembelen zu Lëtzebuerg an am Ausland opgefouert.
E puer vu senge Wierker goufen op CD opgeholl a si bei Internationale Verlagshaiser disponibel.
Hien ass Professer fir Museksteorie am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, an och als Freelance-Komponist an Dirigent aktiv
Am Januar 2020 krut hien de Kompositiounspräis vun der International Classical Music Awards Associatioun.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.