From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Hypothéik ass e eng Form vu Pand oder Sécherheet déi en Immeubel (ausnamsweis och e mobillen Objet, wéi e Schëff oder Fliger) belaaschten. D'Hypothéik gëtt dem Creancier d'Recht, dat belaaschten Haus oder Grondstéck versteeën ze loossen, wann den Debiteur seng Schold net fristgerecht erëmbezuelt. Hypothéike gi meeschtens beim Kaf vun engem Haus oder Grondstéck opgeholl, a Verbindung mat engem Kredit (Hypothéikekredit). Eng Hypothéik ass en Droit réel (Usproch op eng Saach), am Géigesaz zum Droit personnel, deen den Usproch op d'Erëmbezuele vun enger Schold duerstellt.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
An engem wäiten, iwwerdroene Sënn ass eng Hypothéik eng Belaaschtung vun der Zukunft. Sou kann ee soen, datt déi nazistesch Vergaangenheet vun Däitschland sech nom Zweete Weltkrich als eng schwéier Hypothéik fir déi jonk Bundesrepublik erausgestallt huet.
Et gëtt dräi verschidde Forme vun Hypothéiken:
Commons: Hypothéik – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.