From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Hydrologie (v. griich. hydros „Waasser“ a logos „Léier“) ass d'Wëssenschaft vum Waasser, vu senger raimlecher an zäitlecher Verdeelung an der Atmosphär vun der Äerd an op an ënner der Äerduewerfläch, sou wéi deenen domat zesummenhängende biologeschen, cheemeschen a physikaleschen Eegenschaften a Wierkunge vum Waasser.
Si gëtt sech mat den Zusammenhäng a Wiesselwierkunge vun deenen ënnerschiddleche Forme vum Waasser, sengem Kreeslaf, senger Verdeelung op der Landuewerfläch an där hire Verännerungen duerch anthropogen Beaflossung of.
Déi klassesch Andeelung vun der Hydrologie ass d'Ozeanologie (Mier), Limnologie (Waasser um Festland) mat der Potamologie (Waasserleef) an d'Hydrometrie (hydrologescht Mieswiesen).
Änlech Fachgebidder sinn: Hydrographie, Hydrogeographie (raimlech Verdeelung vum Waasser), Hydrogeologie (geocheemesch Wiesselwierkunge vu Gestengs), d'Hydromorphologie, d'Waasserchimie, d'Klimatologie an d'Glaziologie.
Commons: Hydrologie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.