Hexadezimalsystem

Stellewäertsystem mat der Basis 16 From Wikipedia, the free encyclopedia

Hexadezimalsystem

Den Hexadezimalsystem och nach Sedezimalsystem genannt, ass e Stellewäertsystem mat der Basis 16. "Hexadezimal" (vum griich. hexa „sechs“ an dem lat. decem „zéng“) ass e griichesch-laténgescht Hybridwuert vun deem déi korrekt Iwwersetzung "Sedetimal" ass (vum lat. sēdecim "siechzéng").

Thumb
Eng Multiplikatiounstabell am Hexadezimalsystem

Am Allgemengen ass ee gewinnt am Dezimalsystem ze rechnen a fir d'Zuelen déi arabesch Zifferen (0 bis 9) ze huelen. Deem géintiwwer huet den Hexadezimalsystem siechzéng Zifferen. Fir déi zousätzlech Zifferen duerzestelle ginn zënter der Mëtt vun de 1950er Joren d'Buschtawen A bis F oder a bis f als Zuelesymboler benotzt. Dëst geet op d'Praxis vun IBM-Informatiker zu där Zäit zeréck.

Fir déi geschriwwen hexadezimal an dezimal Zuelen auserneenzehalen, gëtt et e puer Méiglechkeeten. D'Hexadezimalzuele kréien normalerweis en Index oder e Prefix. Allgemeng gebräichlech Schreifweise sinn deemno: 7216, 72hex, 72h, 72H, 72H, 0x72, $72, "72 an X'72', woubäi de Prefix 0x an de Suffix h absënns an der Programméierung an an der technescher Informatik benotzt ginn.

Esou gëtt am Hexadezimalsystem gezielt:

0 1 2 3 4 5 6 7 8 9 A B C D E F
10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 1A 1B 1C 1D 1E 1F
20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 2A 2B 2C 2D 2E 2F
F0 F1 F2 F3 F4 F5 F6 F7 F8 F9 FA FB FC FD FE FF
100 101 102 103 104 105 106 107 108 109 10A 10B 10C 10D 10E 10F
FF0 FF1 FF2 FF3 FF4 FF5 FF6 FF7 FF8 FF9 FFA FFB FFC FFD FFE FFF
1000 1001 1002 1003 1004 1005 1006 1007 1008 1009 100A 100B 100C 100D 100E 100F
FFF0 FFF1 FFF2 FFF3 FFF4 FFF5 FFF6 FFF7 FFF8 FFF9 FFFA FFFB FFFC FFFD FFFE FFFF
10000 10001 10002 10003 10004 10005 10006 10007 10008 10009 1000A 1000B 1000C 1000D 1000E 1000F

Um Spaweck

Commons: Hexadezimalsystem – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.