From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Henri Maurice Schnadt, gebuer den 30. Mee 1909 zu Rëmeleng, a gestuerwen den 9. Abrëll 1973, war e lëtzebuergeschen Ingenieur.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
No senge Secondairesstudien zu Stroossbuerg an zu Esch-Uelzecht goung hien op Paräis op d'École centrale des des arts et manufactures wou e Mathematik, Physik an Technologie studéiert huet. 1933 krut hie säin Diplom als Ingénieur spécialisé dans les constructions mécaniques et métalliques. Dat selwecht Joer huet hie sech mat der Angèle Tissen, der Sëschter vum Moler Foni Tissen, bestuet. D'Koppel krut zwéi Bouwen.
No engem Volontariat bei der Arbed an enger Aarbecht bei Arcos zu Bréissel huet hien ë. a. bei der Arbed an der Hadir geschafft. Zu där Zäit huet hie seng éischt Aarbechten iwwer Problemer bei der Stolveraarbechtung verëffentlecht, absënns wat d'Problematik vum Schweesse vum Metall bei héijen Temperaturen ugeet.
Nom Zweete Weltkrich huet hie geschäftlech Relatioune mat der Schwäiz geknëppt an huet als Ingénieur-conseil bei der Arméi an der Bunn geschafft.
Hien ass den 9. Abrëll 1973 un Häerzversoe verscheet.
Als Undenken un den Henri Schnadt gouf op der Cloche d'or an der Stad eng Strooss no him genannt: d'Rue Henri M. Schnadt (L-2530).
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.