Den Hecates Tholus ass en erläschte Schëldvulkan am Gebitt Elysium Planitia um Planéit Mars. Hie läit nërdlech vun den Nopeschvulkaner Elysium Mons an Albor Tholus.
Den Hecates Tholus ass 5,3 km héich an huet op der Basis en Duerchmiesser vun 180 km. Seng komplex opgebaut Caldera huet en Duerchmiesser vun 10 km an ass 600 m déif.
Op de Säite lafe radial Grief, déi vu flësseger Lava erodéiert goufen. Um nordwestleche Rand ass e Krater ze gesinn, deen duerch een Astuerz entstanen ass, nodeems Magmakummeren déi drënner louchen, eidel goufen. De westleche Rand huet Spuere vun enger fréierer Vergletscherung.
Auswäertunge vun der Marssond Mars Express hunn erginn, datt d'Vulkaner vun der Elysium-Regioun iwwer laang Zäitraim aktiv waren. Gréisser Eruptioune vum Hecates Tholus ware virun 1 Mrd. souwéi virun 300 an 100 Mio. Joren.
Commons: Hecates Tholus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Google Mars - zoomable map centered on Hecates Tholus
- 3-D view of Hecates Tholus from Mars Express
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.