Hawa Mahal

Palais an Indien From Wikipedia, the free encyclopedia

Hawa Mahal

Den Hawa Mahal ("Palais vum Wand") zu Jaipur, am indesche Bundesstaat Rajasthan, ass e Gebai aus roudem a rosaem Sandsteen aus dem Joer 1799, dat fir den deemolege Maharadja Sawai Pratap Singh gebaut gouf.

Séier Fakten Land, Plaz ...
Hawa Mahal
Thumb
Land Indien
Plaz Jaipur
Koordinaten 26°55'26,4"N, 75°49'36,1"O
Datum vum Bau 1799
Opgaangen 1799
Genannt no Wand
Zoumaachen
Thumb
Hënnescht Vue vum Hawa Mahal

Et ass kee Palais am eegentleche Sënn, ma éischter e Giewel mat 953 Fënsteren, Balkonen an Nichen, déi op 5 Stäck verdeelt sinn. Hannendru si keng Zëmmeren, ma just op all Stack e breede Gank, deen hannert dem Giewel leeft.

D'Gebai huet just engem Zweck gedéngt, nämlech fir et dem Maharadja sengen Haremsfraen z'erméiglechen, e Cortège, deen all Joers ofgehale gouf, ze kucken, a wat soss esou op der Strooss lass war, ouni datt si selwer vun der Strooss aus ze gesi waren.

Et ass un de Stadpalais vu Jaipur ugebaut.

Haut zielt en zu enger vun den Haaptattraktiounen an Indien.

Biller

Um Spaweck

Commons: Hawa Mahal – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.