däitsch-US-amerikanesch, Philosophin a politesch Theoreetikerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Johanna ("Hannah") Arendt, gebuer de 14. Oktober 1906 zu Linden bei Hannover, a gestuerwen de 4. Dezember 1975 zu New York, war eng däitsch, méi spéit US-amerikanesch, Philosophin a politesch Theoreetikerin.
Hannah Arendt | |
---|---|
Gebuertsnumm | Johanna Arendt |
Gebuer | 14. Oktober 1906 |
Gestuerwen |
4. Dezember 1975 Upper West Side |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Preisen, apatride, USA |
Educatioun |
Humboldt-Universitéit Berlin, Philipps-Universitéit Marburg, Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg, Universitéit vun Heidelberg |
Aktivitéit | Philosoph, Historiker, Schrëftsteller, Politolog, Essayist, Universitéitsprofesser, Soziolog, politeschen Theoretiker, Auteur, Resistenzler |
Member vun | American Academy of Arts and Letters, Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Bestuet mat | Günther Anders |
D'Hannah Arendt ass 1933, nodeems d'Nazien un d'Muecht koumen, fir d'éischt a Frankräich, an 1940 an d'USA emigréiert, wou si 1951 naturaliséiert gouf. Nodeems se e puer Joer fir jiddesch Organisatioune geschafft hat (ë. a. als Fuerscherin a Lektorin), war si Journalistin an huet politesch Theorie enseignéiert, an ass virun allem fir hir Aarbechte bekannt, an deene se sech mam Totalitarismus auserneesetzt: wéi en entsteet, wéi e fonctionéiert, asw.
Besonnesch Opmierksamkeet an och Kritik krut si fir d'Theorie vun der "Banalitéit vum Béisen", déi se am Buch Eichmann in Jerusalem entwéckelt huet, an an deem se de Prozess vum Adolf Eichmann beschreift, bei deem si als Reporterin fir d'Zäitschrëft The New Yorker dobäi war. D'Kärausso ass, datt et net d'Béisheet u sech ass, mä éischter d'Indifferenz an d'Onfähegkeet iwwer d'Konsequenze vu sengem Handelen ze reflektéieren, déi et erméiglecht hunn, datt den Eichmann ee vun de gréisste Verbriecher vun der Mëschheet hätt kënne ginn.
Hiert philosophescht Haaptwierk ass Vita activa oder vom tätigen Leben. Si huet ë. a. och zum Existenzialismus an zu der Situatioun am Noen Osten geschriwwen.
Commons: Hannah Arendt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.