From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Hakainde Hichilema, gebuer de 4. Juni 1962 zu Hachipona bei Monze, an der deemoleger Federatioun vu Rhodesien an Njassaland, haut Sambia, ass e sambesche Politiker, Geschäftsmann an zanter dem 24. August 2021 de President vu Sambia.[1]
Hien huet fir eng Rëtsch Consultingfirme fir Entreprise geschafft a war President vun en ettleche Gesellschaften. Als Privatentrepreneur ass hien zweetgréisste Véiziichter a Sambia a Multimillionär ginn.[2]
Hien huet zanter 2006 fënnefmol bei de Presidentschaftswale kandidéiert, krut awer keens genuch Stëmmen. 2021 huet et dunn, am sechsten Ulaf, geklappt: Mat 59,02 % louch hien däitlech viru sengem Opponent, dem Staatspresident bis dohin Edgar Lungu.
Den Hichilema ass och President vun der United Party for National Development (UPND).
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.