lëtzebuergesche Museker, Sänger, Vollekslidd-Fuerscher a Kulturhistoriker From Wikipedia, the free encyclopedia
De Guy Schons, gebuer de 5. Abrëll 1950, ass e lëtzebuergesche Museker, Sänger a Vollekslidd-Fuerscher. Hien huet sech och als Kulturhistoriker an als Spezialist vum Wierk vum Putty Stein een Numm gemaach.
Guy Schons | |
---|---|
Gebuer | 5. Abrëll 1950 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Museker |
Schonn 1963 ass hie fir d'éischt an der Grupp Blackbirds als Gittarist a Sänger opgetrueden. D'Quartett huet virun allem am Süde vum Land gespillt.
1965 huet e wéi säin deemoleg Virbild Bob Dylan eng 12-säiteg Gittar an eng Mondharmonika ugeschaaft an huet Protestlidder gesongen. En huet awer du Lëtzebuerg verlooss an ass duerch verschidde Länner gereest wou en deelweis och als Museker geschafft huet.
1966 war en nees zeréck zu Lëtzebuerg an huet d'L.S.D-Group gegrënnt. Awer schonn 1967 huet en dës Grupp nees verlooss an ass erëm op Wanderschaft gaangen. Gläichzäiteg huet en awer och ugefaangen, al Lëtzebuerger Lidder ze sammelen.
1975 huet de Guy Schons mam René Wiroth de Vollekmusekensembel Dullemajik gegrënnt, dee, mat anere Leit, nach haut existéiert.
1977 huet hien de Folk-Clupp Lëtzebuerg gegrënnt an hie war och den éischte President vum Veräin.
1992 huet hien zesumme mat anere renomméierte Museker eng CD erausginn mat Lidder vum Putty Stein. Schonn 1993 huet en eng zweet CD opgeholl mat Lidder vum Putty Stein a Louis Petit. 2003 koum nach eng Live-CD mat Wierker vum Putty Stein dobäi.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.