Gott ass d'Bezeechnung fir en transzendent Wiesen, dat no der Opfaassung vu verschiddene Reliounen existéiert. Seng Transzendenz mécht, datt en net direkt vun eise Sënner erfaasst ka ginn a seng Existenz sou net ka wëssenschaftlech bewise ginn; se muss als Dogma ugeholl a gegleeft ginn.
Dem oder engem Gott gi meeschtens eng ganz grouss Muecht zougesot, bis hin zu der Allmuecht. All weider Virstellungen an Eegenschaften (Zuel vu Gëtter, Wëllen, Aktivitéit...) variéiere staark jee no Relioun a Gottesbild a mussen dofir sonner behandelt ginn.
Polytheistesch Reliounen
Antik réimesch a griichesch Relioun
Hinduismus
Monotheistesch Reliounen
Juddentum
Chrëschtentum
De Gott vum Chrëschtentum ass de selwechte wéi dee vun de Judden. Mä verschidden Ënnerscheeder zum jiddesche Gottesbild kënne festgestallt ginn:
- Gott ass a Jesus Christus Mënsch ginn (Inkarnatioun).
- Gott ass dräifalteg: Gott Papp, Gott Jong (= Jesus) a Gott Hellege Geescht.
- Den Akzent läit méi staark wéi am Juddentum op der Allguttheet vu Gott. Doduerch gëtt den Theodizeeproblem nach verschäerft.
Islam
De Gott vum Islam ass den Allah, hie steet baussent der Welt vun där en onofhängeg ass, déi an awer erschafen huet. Hien ass allmächteg an allwessend.
De Koran gëtt no islameschem Verständnes d'Wuert vun Allah 1:1 zeréck.
Aner Usichten
Buddhismus an Jainismus
De Buddhismus ass eng Relioun déi, wéi och den Jainismus, keng Ausso iwwer d'Existenz vun engem Gott mécht.
Agnostizismus
Agnostiker soen, et wier net entscheedbar an/oder irrelevant, ob e Gott existéiert.
Atheismus
Den Atheismus leent de Glawen un en iwwernatierleche Gott of.
Um Spaweck
Commons: Gott – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.