From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Wuert Globaliséierung entsprécht dem eegene franséischen Ausdrock Mondialisation a gouf eréischt zanter den 1990er Joren zu engem Begrëff. Dorënner versteet een déi international Verflechtung a ville Beräicher, haaptsächlech, mä net nëmmen, an der Wirtschaftspolitik, der Léier iwwer d'Gesellschaft (Soziologie), der Kommunikatiounstechnik an a Verbindung mat der Ëmweltproblematik. Mat där internationaler Verflechtung, déi ëmmer méi grouss gëtt, stelle sech der Wëssenschaft nei Ufuerderunge bei ville Problemer, déi net méi eleng op lokalem oder nationalem Niveau gesinn oder geléist kënne ginn.
De Begrëff Globaliséierung gouf fir d'éischt an de Sozialwëssenschafte gebraucht an ass 1961 ënner der englescher Bezeechnung Globalization eng éischt Kéier an engem engleschsproochege Lexikon kommentéiert ginn.
Wat d'Wirtschaftspolitik betrëfft, do huet den Theodore Levitt (1925-2006), een däitschen Emigrant a fréiere Professer vun der Harvard Business School 1983 mat sengem Artikel "The Globalization of Markets" an der Harvard Business Review de Begrëff vun der Globaliséierung ëmrass. Dëse wirtschaftspolitesche Begrëff ass du vun 1990 un an d'öffentlech Debatt gehäit ginn.
Den Ausdrock Mondialiséierung, dee vum franséischen Ausdrock mondialisation ofgeleet ass, huet eng änlech wann och keng identesch Bedeitung. Hie leet méi d'Schwéiergewiicht op d'Entnationliséierung vun de verschiddene Phenomeener an op den Zoustännegkeetsverloscht vun de Nationalstaaten.
Besonnesch an der Wirtschaft fënnt haut e Globaliséierungsprozess statt, dee sech zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich staark acceleréiert huet. Dat huet verschidden Ursaachen:
Commons: Globaliséierung – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.