Gjilan (op Albanesch: Gjilan oder Gjilani, op Serbesch: Gnjilane oder Гњилане) ass eng Gemeng am Oste vum Kosovo. Si besteet aus der Stad mam selwechten Numm an 42 klengen Dierfer.
Gjilan | |
---|---|
Vue op Gjilan | |
Land | Kosovo |
Vewaltungseenheet | Distrikt Gjilan |
Awunner | 90.178 |
2011 | |
Fläch | 515 km² |
Héicht | 508 |
Koordinaten |
42° 27’ 53’’ N 21° 28’ 1’’ O |
Postcode | 60010 |
Websäit | http://kk.rks-gov.net/gjilan |
Bevëlkerung
Der Vollekszielung 2011 no sinn d'grouss Majoritéit vun der Bevëlkerung ethnesch Albaner (97%), virun den Tierken an de Serben. Dowéinst sinn d'offiziell Sproochen an der Gemeng Albanesch, Serbesch an Tierkesch.[1]
Virum Krich am Joer 1999 hunn an der Gemeng ronn 25.000 kosovaresch Serben a 6.000 kosovaresch Roma gelieft. Obwuel an de leschten zéng Joer e puer vun hinnen zeréckkomm sinn, ass d'Majoritéit deplacéiert bliwwen.[1]
Awunner | Zuel | Prozent |
---|---|---|
Albaner | 87.814 | 97,37% |
Tierken | 978 | 1,08% |
Serben | 624 | 0,69% |
Roma | 361 | 0,40% |
Bosnier | 121 | 0,13% |
Gorani | 69 | 0,07% |
Ashkali | 15 | 0,01% |
Egypter | 1 | / |
Anerer | 95 | 0,10% |
Net spezifiéiert | 100 | 0,11% |
Economie
Bis an d'1999 war Gjilan e wichtegen Industriezentrum mat enger Rei profitabel Fabricken, vun deenen ënner anerem d'Tubaks- an d'Heizkierperfabricken iwwerlieft hunn.
Galerie
- Ruin vun enger Buerg zu Pogragjës bei Gjilan
- D'Staumauer vum Livoq-Séi
- Eng Strooss am Stadzentrum vun Gjilan
- D'Museksschoul
- D'Kierch vum hellegen Nicolas am Stadzentrum
- E Wunnblock aus jugoslaweschen Zäiten
Referenzen
- Presentatioun vun der Gemeng um Site vun der OSCE (gekuckt den 19. Juli 2017)
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.