Giraff
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Giraff (Giraffa camelopardalis) ass eng Aart aus der Famill vun de Giraffidae. D'Giraff an den Okapi sinn déi eenzeg nach lieweg Aarten aus dëser Famill.

Giraff | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
![]() Giraff | |||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Giraffa camelopardalis (Linnaeus 1848) |
Kierperbau
D'Giraff huet en aussergewéinlech laangen Hals, laang Been, e staark offallende Réck an e laange Quasteschwanz. Déi männlech Déiere sinn iwwer 5,50 m grouss, déi weiblech knapps iwwer 5 m. Giraffen hunn och Haren a jeeweils 32 Zänn. Hir Schnëss ass zimmlech schmuel a si hunn eng laang Gräifzong.
Liewensweis a Liewensraum
Giraffe friesse Blieder a liewen nëmme méi an Afrika an dat haaptsächlech nach just an Nationalparken. Si si Savannen- a Steppendéieren a si guer net gär an de Bëscher. Si verbréngen de ganzen Dag bal nëmme mat friessen a lafen dofir ganz gemittlech vu Planz zu Planz an zupfen hei e Blat oder briechen do e puer Äscht of. Wa si genuch Waasser fannen, drénke si all Dag zimmlech vill. Si kënnen awer genee sou gutt e puer Deeg laang ouni Waasser aushalen.
Fortplanzung
Giraffe kréie bei enger Befruchtung, déi d'ganzt Joer iwwer ka geschéien, jeeweils just ee Jonkt. D'Schwangerschaft dauert 14-15 Méint an dat Jonkt ass bei der Gebuert scho bis zu 2 m grouss a weit ongeféier 60 kg. Et ass no enger Stonn schonn op de Been an drénkt. Mat 3 Deeg kann et scho lafen.
Um Spaweck
Commons: Giraffen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.