From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Giovannino Oliviero Giuseppe Guareschi, gebuer den 1. Mee 1908 zu Fontanelle di Roccabianca, engem Deel vun der Gemeng Roccabianca an der italieenescher Provënz Parma, a gestuerwen den 22. Juli 1968 zu Cervia war en italieenesche Journalist, Karikaturist a Schrëftsteller. Hien ass bekannt ginn duerch seng Romanfiguren, de kathoulesche Geeschtlechen Don Camillo a de kommunistesche Buergermeeschter Peppone.
Giovannino Guareschi | |
---|---|
Gebuertsnumm | Giovannino Oliviero Giuseppe Guareschi |
Pseudonym | Guareschi, Giovanni Guareschi |
Gebuer | 1. Mee 1908 |
Gestuerwen | 22. Juli 1968 |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Journalist, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Romancier, Karikaturist |
1946 koum am Guareschi sengem Blietchen Candido déi éischt vun den 347 Kuerzgeschichten iwwer de kathoulesche Paschtouer Don Camillo a säi Géigespiller, de kommunistesche Buergermeeschter Peppone eraus. Déi lescht huet d'Zeitung Oggi 1966 gedréckt. Dat heescht, d'Bucheditioune koumen an Italie bei Rizzoli eréischt 1948, 1953, an 1963 eraus; an dat véiert 1969,no sengem Doud.
Den Numm vun der Stad, an där sech alles ofspillt, hat de Guareschi nëmmen an der alleréischter Geschicht geschriwwen, Pontenara, a wéi déi éischt Bucheditioun 1948 erauskoum, hat de Guareschi den Numm erausgeholl. Bei de Filmer ass et anescht. An deenen zwéin éischten huet d'Uertschaft keen Numm. Awer an deenen dräi aneren ass se einfach genannt ginn, wéi d'Klengstad wierklech geheescht huet, wou d'Filmer gedréit goufen, Brescello.
Den éischte Film vun 1951 gouf 1953 Englesch synchroniséiert, mam Orson Welles als d'Stëmm vu Jesus um Kräiz, a gouf an den USA gewisen. De Succès war net terribel, well vun deenen anere Filmer ass kee méi iwwer de grousse Pull gaangen.
Commons: Giovannino Guareschi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.