portugiseschen Dramaturg From Wikipedia, the free encyclopedia
De Gil Vicente, gebuer ëm 1465 a gestuerwen 1536, war e portugiseschen Dramaturg. Seng Originne sinn net kloer.
Hie gëllt als Grënner vum nationalen Theater an als ee vun de bedeitendsten Auteure vun der portugisescher Sprooch. Säi Wierk besteet aus 46 Theaterstécker. Dovu sinn der 16 op Portugisesch, 11 op Spuenesch (Kastilesch) an déi aner 19 an dëse béide Sproochen.
De Vicente war en déifsënnegen Denker an e bëssege Satiriker. Säi Wierk ass eng gutt Basis fir déi portugisesch Sprooch, d'zäitgenëssesch Braich an d'Gesellschaftsliewe vun der deemoleger Zäit ze studéieren
Et ass net vill bekannt iwwer d'Liewe vum Gil Vicente; sou ass och net gekläert ob den Auteur an de Goldschmadd Gil Vicente eng an déi selwecht Persoun waren oder net. E Meeschterwierk vum Goldschmadd ass déi berüümt Monstranz vum Hieronymos-Klouschter zu Belém (Lissabon).
Dem Auteur seng Duechter Paula huet gehollef d'Wierk vun hirem Papp ze glidderen. Eng komplett Zesummestellung koum eréischt 1562 eraus.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.