D'Gieweler Baach ass eng Baach um Territoire vun der Gemeng Käerch. Si huet hir Quell am Oste vu Gëtzen, a leeft vun do aus no Nordwesten, laanscht Giewel, an duerch Käerch, wou se vum Gréiweschlass un, a Réier ënner dem Buedem, bis an den Ausgank vun der Uertschaft leeft. Do geet et dann nach e Stéck vu ronn 200 Meter weider an engem Bëtongskanal, éier se erëm hiren natierleche Laf erëmfënnt.
D'Gieweler Baach, ënnerzeg vun der Neimillen, flossop gekuckt. | |
Längt | ca. 6 km |
---|---|
Originn | |
Plaz | Gëtzen |
Héicht | 314,30 m |
Koordinaten |
49° 39’ 33.7’’ N 05° 59’ 08.8’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | Äisch |
Plaz | an der Géigend vun der Fockemillen |
Héicht | 263,20 m |
Koordinaten |
49° 40’ 47.5’’ N 05° 56’ 19.0’’ O |
Geographie | |
Land | Lëtzebuerg |
Regioun | Gemeng Käerch |
Uertschaften | Gëtzen, Giewel, Käerch |
Duerno leeft se an engem Wisendall weider an Direktioun Neimillen, frësst just virdrun op enger kuerzer Streck um rietsen Uwänner um Sandsteen vum Franzebierg fir dann eng ronn 500 Meter no der Neimillen, soubal wéi se ënner dem CR105 erduerch ass, eng 450 Meter virun der Fockemillen, vu riets an d'Äisch ze lafen. Se ass ronn 6 km laang.
Kuckt och
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaweck
Commons: Gieweler Baach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.