Remove ads
belsche Metallurgist a Philanthrop From Wikipedia, the free encyclopedia
De Georges Montefiore-Levy, gebuer 1830 am Londoner Quartier Streatham, a gestuerwen de 24. Abrëll 1906 zu Bréissel, war e belsche Metallurgist a Philanthrop vun italieenesch-jiddescher Ofstamung.
Dat éischt belscht Telegraphennetz gouf vun 1879 u mat Dréit aus Phosphorbronze, déi de Montefiore erfonnt hat, opgebaut. De Gebrauch vun deenen Dréit huet sech op ganz Europa ausgebreet an de Montefiore gouf doduerch steeräich.
De Montefiore hat sech 1866 mat der Hortense Bischoffsheim bestuet an d'Koppel huet zu Esneux um Domaine Rond Chêne gewunnt.
Fir un hien z'erënnere steet um Sart Tilman, um Campus vum Institut dat säin Numm huet, eng Büst vun him aus Stee vun 1904, déi vum Thomas Vinçotte sculptéiert gouf.
Dem Georges Montefiore-Levy seng Mamm war eng Kusin vum Banquier Moses Montefiore.
Commons: Georges Montefiore-Levy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.