Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den George Catlett Marshall, Jr., gebuer den 31. Dezember 1880 zu Uniontown, am Pennsylvania, a gestuerwen de 16. Oktober 1959 zu Washington, D.C., war e US-amerikanesche Generol a Staatsmann.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem US-Generol a Minister George Marshall. Fir de Filmregisseur, kuckt wgl. George Marshall (Regisseur). |
George Marshall | |
---|---|
Gebuertsnumm | George Catlett Marshall |
Gebuer | 31. Dezember 1880 |
Gestuerwen |
16. Oktober 1959 Washington |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Command and General Staff College |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Arméisoffizéier, American-Football-Spiller |
Partei | keng |
Wärend dem Zweete Weltkrich huet hien all déi alliéiert Operatiounen an Europa an am Pazifik koordinéiert. De Winston Churchill huet hien den "Organisateur vun der alliéierter Victoire", d'Time Magazine mouch hien 1943 "Man of the Year".
1947 gouf hien ënnert dem President Harry S. Truman Ausseminister vun de Vereenegte Staaten. De 5. Juni 1947 huet hien an enger Ried den European Recovery Program vun der US-Regierung virgestallt, wéi Europa nees op d'Been komme sollt.
Hien ass virun allem fir dëse Plang bekannt ginn, deen no him Marshallplang genannt gouf, a fir deen en 1953 de Friddensnobelpräis an 1959 de Karlspräis krut.
Zu sengen Éiere gouf um Verluerekascht an der Stad eng Strooss no him genannt (Rue George C. Marshall).
Commons: George Marshall – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.