Argentineschen Filmkomponist an Jazzmusiker (1932-2016) From Wikipedia, the free encyclopedia
De Leandro J. "Gato" Barbieri, gebuer den 28. November 1932 zu Rosario, an Argentinien,[1] a gestuerwen den 2. Abrëll 2016 zu New York, war en argentineschen Jazzmuseker (Tenorsaxophon) a Filmmusekkomponist.
Gato Barbieri | |
---|---|
Gebuer |
28. November 1932 Rosario |
Gestuerwen |
2. Abrëll 2016 New York |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Argentinien |
Aktivitéit | Komponist, Filmkomponist |
Hien huet zu Buenos Aires Musek studéiert a vun 1953 bis 1962 am Lalo Schifrin sengem Orchester gespillt. Dono goung en an Europa (fir d'éischt op Roum), wou e mam Ted Curson, Jim Hall a vun 1965 u mam Don Cherry zesummegeschafft huet. 1967 goung e mam Cherry op New York, wou en an der Free-Jazz-Avantgarde mat Ensembele wéi dem Jazz Composer's Orchestra oder dem Liberation Music Orchestra vum Charlie Haden gespillt huet. Ëm 1970 huet hie sech méi mat der latäinamerikanescher Musek beschäftegt (ë. a. der afrobrasilianescher Musek) mat hire ville verschiddene Rhythmen, déi e mam Jazz vermëscht huet. Albumen aus där Zäit sinn The Third World (1970), Fenix (1971), El Pampero (1972) a Bolivia (1973). De Gato Barbieri huet och am Carla Bley sengem Oratorium Escalator over the Hill matgemaach, a bei Opname vun hirer Suite A Genuine Tong Funeral mam Gary Burton Quartet an dem Jazz Composers' Orchestra. 1972 huet de Barbieri d'Filmmusek fir dem Bernardo Bertolucci säin Ultimo tango a Parigi geschriwwen, wuerfir en e Grammy gewonnen huet.
Zënter dem Enn vun den 1970er spillt hien eng Mëschung aus modernem Jazz a Popmusek, z. B. mam Carlos Santana (Europa).
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.