From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gare vu Benonchamps war eng Gare op der fréierer SNCB-Linn 164 déi vu Baaschtnech op Benonchamps gefouert huet, a vun do weider iwwer dat lëtzebuergescht Eisebunnsnetz bis op Wolz.
Mat dem Bau vun der Gare gouf 1886 ugefaangen, an 1887 ass se a Betrib gaangen.
An der Gare gouf et eng Pompelstatioun op där d'Lokomotive Waasser konnten nofëllen.
Am Éischte Weltkrich war e Munitiounstransport de 17. November 1918 an der Gare explodéiert. De gréisste Schued war am Zweete Weltkrich entstanen, an obscho se hätt kënne reparéiert ginn, goufen déi Aarbechte bis 1953 an d'Längt gezunn, a schliisslech gouf se an deem Joer ofgerappt.
Op der Streck ass vum 24. September 1967 u keen Zuch méi gefuer, an d'Gleiser goufen 1974 ewechgerappt.
Reschter vun de Quaien, a vun der Ramp op där d'Wueren aus- an ageluede goufen, kann een nach nieft dem fréieren Hôtel Dubois gesinn.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.