Usammlung vu Galaxien From Wikipedia, the free encyclopedia
Galaxiëkéip a Galaxiëgruppe sinn Usammlunge vu Galaxien am Universum.
Galaxië sinn net gläichméisseg am Raum verdeelt. Si trieden a Kéip an a Strukturen op. Zanter Ufank vun der Expansioun vum Universum si si ënner dem Afloss vun der Gravitatioun entstanen a vun där zesummegehale ginn. Galaxiëgruppen a Galaxiëkéip bilden nach méi grouss Objeten, d'Galaxiësuperkéip. Galaxië bei deenen een net direkt gesäit datt se en Deel vun enger Grupp oder engem Koup sinn, heesche Feldgalaxien. No haiteger Virstellung sinn all déi Strukturen Deeler vun enger groussraimeger, schaumaarteger Verdeelung vu Kéip a Filamenter, déi sech ëm Huelraim (engl. Voids) mat enger méi klenger Galaxiendicht gruppéieren. D'Entwécklung vun där groussraimeger Struktur aus klengen zoufällegen Dichtschwankungen nom Urknall, an ënner dem Afloss vun der Gravitatioun ass e wichtegt Theema an der Kosmologie.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Galaxiëgrupp.
Galaxiëkéip hunn eng Gréisst vu bis zu e puer dausend Eenzelgalaxien, déi sech all mat ënnerschiddleche Vitessen am normale Schwéierfeld vum Koup beweegen. No dem Stand vun der Fuerschung si si déi gréisst Ënnerstrukturen, déi gravitativ gebonne sinn. D'Mass läit bei ongeféier 1014 bis 1015 Sonnemassen an engem Gebitt typescherweis 10 bis 20 MLj, mat Vitessen, déi ëm 500–1000 km/s streeën (sougenannt Pekuliarvitessen). Den Haaptdeel vun der Mass vu Galaxiëkéip gëtt vun Donkeler Matière ausgemaach (zirka 80 %). Galaxiëkéip si vun engem dënnen, 10 bis 100 Millioune K waarme Gas duerchdrongen, deen duerch seng Röntgestrahlung ze gesinn ass. Dëse Gas mécht zirka 15 % vun der Mass vun engem Galaxiëkoup aus. De Rescht vun der Mass (5 %) ass an de Stäre vun de Galaxien. An der Mëtt vu Galaxiëkéip ass dacks eng riseg Elliptesch Galaxie, wéi de Messier 87 am Zentrum vum Virgo-Galaxiëkoup am Stärebild Virgo. Ee weidere Koup ass de Coma-Galaxiëkoup am Stärebild Coma Berenices.
An den dichten Zentralregioune vu Galaxiëkéip fënnt ee meeschtens Elliptesch Galaxien, wärend Galaxien um Rand vu Kéip, Galaxien a Gruppen a Feldgalaxië meeschtens Spiralgalaxië sinn.
Änlech wéi sech Galaxien nom Schema vun der Hubble-Sequenz klassifizéiere loossen, kënnen och Galaxiëkéip no hirem morphologeschen Typ klassifizéiert ginn. D'Klassifizéierung ass allerdéngs manner eendeiteg an déi physikalesch Erklärung vun der Morphologie meeschtens schwiereg. Dofir huet sech bis elo kee Klassifizéierungsschema duerchgesat, allerdéngs erfreet sech dat Schema vum Rood an Sastry (RS-Schema) enger gewësser Beléiftheet, warscheinlech wéinst senger Änlechkeet mam Hubble-Schema. No dem RS-Schema ënnerscheet een unhand vun der Verdeelung vun den 10 hellsten Objete follgend Kouptyppen:
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.