lëtzebuergesche Moler From Wikipedia, the free encyclopedia
De Ferdinand d'Huart (genannt Fernand oder Fenny), gebuer den 13. Mäerz 1857[1],[2][3] zu Soller, a gestuerwen de 27. Januar 1919[4] zu Märel (haut Stad Lëtzebuerg), war e lëtzebuergesche Moler.
Ferdinand d'Huart | |
---|---|
Gebuer |
13. Mäerz 1858 Soller |
Gestuerwen |
27. Januar 1919 Lëtzebuerg |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Stater Kolléisch |
Aktivitéit | Moler, Kënschtler |
Famill | |
Kanner | Adrienne d'Huart |
Hien huet op der Konschtakademie vu München a Paräis studéiert. Do war hie Schüler vum franséische Moler Alexandre Cabanel (Prix de Rome:1845). Duerno huet hien an engem Pensionat, dem Collège des Oratoriens zu Juilly-sur-Seine, Zeechecourse ginn.
1907, nodeem dës Schoul huet misse zoumaachen, koum hien hannescht op Lëtzebuerg a gouf Zeecheprofesser am Stater Kolléisch.
Als Moler huet e sech virun allem en Numm gemaach duerch Portraite vu Membere vun der groussherzoglecher Famill a vu Blummesujeten.
Vun 1910 bis 1919 war de Ferdinand d'Huart President vum Cercle Artistique de Luxembourg.
Seng Duechter, d'Adrienne d'Huart, gebuer 1892, a gestuerwen 1984, war och Molerin.
Zu Bouneweg ass d'Rue Fernand d'Huart no him benannt.
Commons: Ferdinand d'Huart – Biller, Videoen oder Audiodateien |