From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Europäesch Wirtschafts- a Wärungsunioun (EWU) ass d'Associatioun vun de Memberlänner vun der EU, déi sech zesummegedoen hunn, fir hir Wirtschafts- a Finanzpolitik ze koordinéieren, d'Fluktuatioune vun de Wiesselcoursen anzeschränken, respektiv anzefréieren, an doduerch d'Viraussetzunge fir d'Aféierung vun enger gemeinsamer Wärung, dem Euro, z'erméiglechen. Si geet also méi wäit wéi eng reng Wirtschaftsunioun.
Den Ausgankspunkt war de Werner-Plang, (1970), deen nom lëtzebuergeschen deemolege Staats- a Finanzminister Pierre Werner genannt war. Hie konnt zwar wéinst dem Zesummebroch vun de Wärungen net direkt realiséiert ginn. Mä eng Zuel Membere vun der EU koumen zur Usicht, datt eppes misst geschéien, fir déi erratesch Schwankunge vun de Wiesselscoursen anzeschränken. No der Faillite vum Weltwärungsofkomme vu Bretton Woods, (1971), ass dunn 1972 en éischte Versuch gemaach gi fir en Europäesche Verband vun de Wiesselcoursen erbäi ze féieren. Säin Zil war et, d'Wärungsschwankungen tëscht den deemolegen EWG-Länner, méi staark anzeschränken. Well dës Margen sech sollte bannent méi grousse Margë beweegen ass vun enger Schlaang, dem Serpent monétaire, geschwat ginn. Duerno koum 1979 den nächste Schrëtt, d'Kreatioun vum Europäesche Wärungssystem, (EWS).
No dem Acte unique, (1985), an opgrond vum Maastrichter Vertrag (1991), ass d'Europäesch Wirtschafts- a Wärungsunioun an dräi Etappe realiséiert ginn:
De Wee war schlussendlech fräi fir den Euro op den 1. Januar 2002 als Boergeld, a Form vu Billjeeën a Mënzen ze materialiséieren.
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.