lëtzebuergesch Schrëftstellerin, Erzéierin, Iwwersetzerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Eugénie Arens gebuer den 9. Mäerz 1878 zu Miersch, a gestuerwen an der Stad de 27. Juli 1957, war eng lëtzebuergesch Erzéierin a Schrëftstellerin.
Eugénie Arens | |
---|---|
Pseudonym | E.A. |
Gebuer |
9. Mäerz 1878 Miersch |
Gestuerwen |
27. Juli 1957 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Erzéier, Iwwersetzer |
No der Primärschoul huet si, well se net an e Lycée goe konnt, als Autodidakt, Englesch a Franséisch geléiert. 1922 ass si op Lyon gaange wou si bis 1929 als Erzéierin geschafft huet. Du koum si op Lëtzebuerg zeréck an huet sech hire Liewensënnerhalt mat Nohëllefsstonne an Heemaarbechte verdéngt. Si huet och fir dem Wort seng Wochebäilag Die Luxemburger Frau geschriwwen.
Soss huet se virun allem Theaterstécker, Gedichter a Kaméidistécker geschriwwen, dacks mat Adaptatiounen aus dem Däitschen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.