Elteren
Mamm oder Papp From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Eltere sinn déi direkt Virfare vun enger Persoun vun deene s'an direkter Linn ofstaamt oder déi rechtlech bestëmmt goufen. D'Wuert Elteren ass e Pluralwuert; wann et an der Eenzuel gebraucht gëtt, schwätzt ee vun engem Elterendeel.
Mamm | Papp | ||||||||||||||||||||
Ech | |||||||||||||||||||||
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |


Net all Bezeechnung ass am allgemenge Sproochgebrauch, absënns wat ee sech méi wäit vum Proband "Ech" ewech beweegt.
Biologesch Elteren
- Mamm = d'Fra déi ursprénglech d'Eezell (Ovum) ausgedroen huet, aus där d'Persoun entstanen ass;
- Papp = de Procreateur vun der Somzell (Spermium) déi d'Eezell vun der Mamm befrucht huet.
Rechtlech Elteren
- Mamm = huet d'Persoun op d'Welt gesat;
- Papp = huet d'Persoun als säi Kand unerkannt oder gouf als Papp festgestallt;
- Adoptivelteren: Adoptivmamm, Adoptivpapp = hunn d'Persoun als hiert Kand ugeholl (adoptéiert).
Sozial Eltereschaft
- Stéifelteren: Stéifmamm, Stéifpapp = neie Liewenspartner vun engem eegenen Elterendeel: mat deem ass d'Persoun net direkt Famill, just par alliance ((de)verschwägert);
- Fleegeelteren: Fleegemamm, Fleegepapp = groussjäreg Persounen, déi provisoresch oder dauerhaft Kanner vun aneren Elterendeeler ophuelen.
Um Spaweck
Commons: Elteren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.