schwäizeresch Schrëftstellerin a Seeërchessammlerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Elisabeth Pfluger, gebuer den 21. Oktober 1919 zu Härkingen, a gestuerwen de 2. Mee 2018 zu Solothurn, war eng schwäizeresch Schrëftstellerin a Seeërchessammlerin.
Elisabeth Pfluger | |
---|---|
Gebuer |
21. Oktober 1919 Härkingen |
Gestuerwen |
2. Mee 2018 Solothurn |
Nationalitéit | Schwäiz |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Folklorist |
Zanter si an d'Schoul gaangen ass huet si Zeien a Form vu Bicher aus der Vollekskultur vum Kanton Solothurn, besonnesch Seeërcher, Anekdoten a Spréchwierder gesammelt, déi si dann an Aufsätz an a Bicher verëffentlecht huet.
Si huet och vun 1983 bis 2005 de Solothurner Kalender erausginn. Si war bis 1949 Léierin zu Neuendorf SO an duerno an der Stad Solothurn.
Iwwer hiert Buch Solothurner Sagen dat am Joer 1972 erauskoum seet de solothurnesche Landammann Franz Josef Jeger, datt et hir domat gelonge wier de räiche Seeërchespatrimoine vum Solothurner Vollek virum Vergiessen ze retten.
No dësem éischte Seeërchesband schreift si 1984 d'Solothurner Geschichten, 1986 d'Solothurner Geistersagen, an 2004 an der Schrëfterei Settigi Sache gids vun der Zentralbibliothéik Solothurn nach e Band mat Geeschtergeschichten an aneren onheemleche Seeërcher.
D'Elisabeth Pfluger sammelt och al solothurnesch Lidder an Dänz.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.