Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Eechen um Pläitrengerhaff sinn eng Koppel Summereechen (Quercus robur; (fr) chênes pédonculés; (de) Stieleichen) déi zu Pläitreng an der Gemeng Conter stinn an déi zënter 1981 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren.
Eechen um Pläitrengerhaff | |
---|---|
Februar 2008 | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Conter |
Plaz | Pläitreng |
Adress | Pläitrengerhaff |
Koordinaten | 49°35'35,27"N, 6°16'44,80"O |
Bamaart | Eechen, Stilleech |
Héicht | 21,70 m (2023) |
Duerchmiesser | 1,81 m (2023) |
Ëmfang | 5,69 m (2023) |
D'Beem stinn an der Sektioun Mutfert a Méideng vun der Gemeng Conter, um ëstlechen Uwänner vum Ieweschte Weier beim Pläitrengerhaff
Den Alter vun dësen zwou Eechen ass net bekannt.
Béid Beem hunn imposant breet Krounen, déi bis op zirka 2 m iwwer de Buedem erof reechen.
Joer | [1] | ||
---|---|---|---|
1980 | 4,55 | 1,45 | 22,00 |
2000 | 4,58 | 1,45 | 23,00 |
2023 | 5,69 | 1,81 | 21,70 |
= Ëmfang; = Duerchmiesser; = Héicht
Eng vun den Eeche gehéiert zu deenen déckste Beem zu Lëtzebuerg(1981: deen 29 déckste Bam).
Commons: Eechen um Pläitrengerhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.