brittesche Komponist From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sir Edward William Elgar, 1st Baronet, OM, GCVO, gebuer den 2. Juni 1857 zu Lower Broadheath, bei Worcester, England, a gestuerwen den 23. Februar 1934, war en englesche Komponist, vun deem sengem Wierk eng Rëtsch Kompositiounen haut an de Repertoire vu moderner klassescher Concerts-Musek gehéieren. Zu senge bekanntste Kompositiounen an Orchesterwierker zielen, d'Enigma Variations, d'Pomp and Circumstance Marches, Concerti fir Gei an Cello, an zwou Sinfoniën. Hien huet och Stécker fir Chouer geschriwwen, dorënner The Dream of Gerontius, Kammermusek a Lidder. 1924 gouf hien zum Master of the King's Musick ernannt.
Edward Elgar | |
---|---|
Gebuertsnumm | Edward William Elgar |
Gebuer | 2. Juni 1857 |
Gestuerwen |
23. Februar 1934 Worcester |
Doudesursaach | Déckdaarmkriibs |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Komponist, Dirigent |
Den Elgar war ee vun deenen Éischten, deen de Grammophon als Medium eescht geholl huet, fir seng Musek ze verbreeden. Tëscht 1914 an 1925 huet hien eng jett vu senge Kompositioune fir Schallplacken ophuele gelooss.
Commons: Edward Elgar – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiquote: Edward Elgar – Zitater |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.