Remove ads
US-amerikaneschen Astronom a Physiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Edward Charles Pickering, gebuer den 19. Juli 1846 zu Boston; gestuerwen den 3. Februar 1919 zu Cambridge, Massachusetts), war en US-amerikaneschen Astronom a Physiker. Säi Brudder war de William Henry Pickering.
Edward Charles Pickering | |
---|---|
Gebuer |
19. Juli 1846 Boston |
Gestuerwen |
3. Februar 1919 Cambridge |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Harvard Universitéit |
Aktivitéit | Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser |
Member vun | Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, National Academy of Sciences |
Famill | |
Geschwëster | William Henry Pickering |
Zesumme mam Hermann Karl Vogel entdeckt de Pickering déi éischt Zwillingsstären, déi nëmme spektroskopesch identifizéiert konnte ginn. Hien huet d'Schrëft Elements of Physical Manipulations (2 vol., 1873–76) publizéiert.
Seng Aarbechten hu sech gréisstendeels mat der Stärenphotometrie beschäftegt. Am Joer 1884 publizéiert hien d'„Harvard Photometry“, an 1903 den éischte fotografesche Stärenatlas.
Hie war Direkter vum Harvard College Observatoire. Ënner senger Opsiicht gouf och vun 1918 un, d'Publikatioun vum Henry-Draper-Katalog ugefaangen.
Am Harvard Observatoire beschäftegt hie vill Fraen, dorënner Annie Jump Cannon, Williamina Fleming, Henrietta Swan Leavitt, an d'Antonia Maury. Dës Fraen, déi ënner de Wëssenschaftler als de „Pickerings Harem“ bekannt waren, hu vill wichteg astronomesch Entdeckunge gemaach.
De Pickering huet Goldmedail vun der Royal Astronomical Society am Joer 1886 an nach eng Kéier am Joer 1901 krut. D'Henry Draper Medal gouf him 1888 iwwerreecht an d'Bruce Medail krut hien am Joer 1908.
E Krater um Äerdmound ass no him a sengem Brudder William Henry Pickering genannt. Geneesou wéi den Asteroid Pickeringia.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.