Drotseeler si Seeler déi aus stolen Dréit hiergestallt ginn.
Dobäi ënnerscheet een zwou Haaptkategorien, d'Ronnseeler an d'Flaachseeler.
Ronnseeler gi gewéckelt, am technesche Jargon verseelt, a Flaachseeler gi gebutt. Dobäi ënnerscheet een tëscht einfach gebuttenen, an duebel gebuttene Seeler.
D'Ronnseeler ginn ënnerdeelt an:
Spiralseeler och Ronnlitze genannt. Dës Seeler sinn einfach verseelt.
Als Ënnerdeelung gëtt et oppe Spiralseeler a verschlosse Spiralseeler.
Verschlosse Spiralseeler deele sech erëm an Hallefverschlossener, a Vollverschlossener.
Litzeseeler. Déi Seeler sinn duebel verseelt, an et ënnerscheet een tëscht Ronnlitzeseeler, a Formlitzeseeler.
Ronnlitzeseeler kënne Seeler mat enger Lo oder Seeler mat méi Loe sinn.
Ronnlitzeseeler mat méi Loen, sinn ënnerdeelt a Spiralronnlitzeseeler, a Parallelronnlitzerseeler.
Formlitzeseeler gëtt et als Dräikantlitzeseeler a Flaachlitzeseeler.
Flaachlitzeseeler gëtt et mat enger oder mat méi Loen.
Kabelschlagseeler si Seeler déi dräimol verseelt sinn.