US-amerikanesch Fotografin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Dorothea Lange, gebuer de 26. Mee 1895 zu Hoboken, New Jersey, a gestuerwen den 11. Oktober 1965 zu San Francisco, Kalifornien, war eng US-amerikanesch Dokumentarfotografin. Si gëllt als Matgrënnerin vun der Dokumentarfotografie.
Dorothea Lange | |
---|---|
Gebuertsnumm | Dorothea Margaretta Nutzhorn |
Pseudonym | Taylor, Dorothea Lange, Taylor, Paul Schuster, Mrs |
Gebuer |
26. Mee 1895 Hoboken |
Gestuerwen |
11. Oktober 1965 San Francisco |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Columbia University |
Aktivitéit | Journalist, Fotoreporter, Fotograf, Kënschtler |
Famill | |
Bestuet mat | Maynard Dixon, Paul Schuster Taylor |
1913, mat 18 Joer, huet si, op Wonsch vun hirer Famill, fir Léierin geléiert. Niewelaanscht ass si hirem Haaptinteressi, der Fotografie nogaangen an huet eng Léier bei Portraitstudioen a befrënnte Fotografen, dorënner den Arnold Genthe an den Charles H. Davis, gemaach an och Course beim Clarence H. White op der Columbia University beluecht.
1917 huet se hir Ausbildung als Fotografin op der Universitéit ofgeschloss.
1919 huet se zu San Francisco e Studio fir Portraiten opgemaach, mat deem se séier Succès hat. 1920 huet se sech mam Moler Maynard Dixon bestuet.
An der Weltwirtschaftskris huet se d'Affer vun der Grousser Depressioun fotograféiert, wéi se fir Iessen oder fir eng Aarbecht d'File gemaach hunn, oder op der Strooss hu misse liewen.
Si gouf vun der State Emergency Relief Administration (SERA) engagéiert, fir d'Situatioun an den Aarmut vu veraarmte Farm-Piechter an Doléiner um Land ze dokumentéieren.
1935 huet d'Dorotea Lange sech vum Maynard Dixon scheede gelooss an de Paul Schuster Taylor bestuet. Am selwechte Joer koum si bei d'State Relief Administration fir Fotoe vu Wanderaarbechter (Migrant Workers) ze maachen. Duerno huet se fir d'Resettlement Administration geschafft, déi spéider a Farm Security Administration (FSA) ëmbenannt gouf.
Am Mäerz 1936, huet se, ënnerwee fir d'FSA, hir wuel bekanntste Foto "Migrant Mother" gemaach, vun enger Fra mat hire Kanner, an engem Lager fir Doléiner, pea pickers ("Ierbessepléckerten") genannt.
1939 koum hiert éischt Buch eraus, An American Exodus. 1940 goufen hir Fotoen, dorënner d'Migrant Mother, am Museum of Modern Art (MoMA) zu New York ausgestallt.
1941 huet se fir d'Office of War Information (OWI) d'Zwangsëmsiidlung vun Amerikaner mat japaneschen Originnen an Internéierungslager dokumentéiert.
Zanter 1945 war d'Dorothea Lange ëmmer méi mat der Gesondheet geplot.
Hir Retrospektiv fir de MoMA am Januar 1966 konnt se net méi erliewen.
Fotoe vun hir sinn an de vum Edward Steichen zesummegestallte Kollektiounen The Family of Man an The Bitter Years 1935-1941 ze gesinn.
Commons: Dorothea Lange – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.