brasilianesch Komponistin a Pianistin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Dinorá de Carvalho, gebuer den 1. Juni 1905 zu Uberaba am brasilianesche Bundesstaat Minas Gerais, a gestuerwen 1980 zu São Paulo, war eng brasilianesch Komponistin a Pianistin.
Si huet um Conservatoire vu São Paulo studéiert a krut 1921 vum Kulturministère eng Bourse, déi et hir erlaabt huet, zu Paräis weider ze studéieren. Do war si Schülerin vum Isidore Philipp. Si ass a Brasilien an an Europa als Concertspianistin opgetratt an huet beim Lamberto Baldi Kompositiounsunterricht geholl.
Zanter 1939 huet si ee Fraenorchester zu São Paulo geleet, dee si och gegrënnt hat, den Orquestra Feminina de São Paulo.
Si huet eng 400 Wierker komponéiert, dorënner véier Pianosconcerten, Orchester- a Pianosstécker, Baletter a Bünemuseken, eng Psalmvertounung, Chouergesank a Lidder.
Am Theatro São Pedro am westlechen Deel vu Sao Paulo ass e Sall no hir genannt, de Sala Dinorá de Carvalho.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.