Differenzéierung (Planetologie)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
An der Geologie an allgemeng an der Planetologie ass eng Differenzéierung d'Bildung vu verschiddene Materialien aus engem ufanks homogeene Material duerch Gemëschtrennung. Viraussetzunge sinn d'Bildung vu verschiddene Phasen, (kuckt: Phasendiagramm), vun deenen op d'mannst eng e Fluid muss sinn, an e Beweegungsundriff, meeschtens opgrond vun Dichtënnerscheeder am Schwéierfeld. Déi beweeglech Phas ka wässreg sinn, z. B. eng hydrothermal Léisung, geschmolte Gestengs (Magma) oder flëssegt Metall.
Déi magmatesch Differentiatioun hat z. B. zu der Genesis vun der liichter kontinentaler Kuuscht gefouert, déi am Géigesaz zu der ozeanescher Kuuscht stänneg um Äerdmantel schwëmmt.
Am Verlaf vun der Genesis vu Planéite gëtt et en ettlech Prozesser, déi zum Ofschmëlze féieren, wouduerch sech déi schwéier, metallesch Phas am Zentrum sammelt. Am Fall vum Sonnesystem sinn déi verschidde Bedéngunge wärend der Differenzéierung an déi vergaangen Zäit de Methode vun der radiometrescher Datéierung zougänglech.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.