David Černý
tschechesche Sculpteur From Wikipedia, the free encyclopedia
tschechesche Sculpteur From Wikipedia, the free encyclopedia
Den David Černý, gebuer de 15. Dezember 1967 zu Prag, ass en tschechesche Sculpteur.
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
David Černý | |
---|---|
Gebuer |
15. Dezember 1967 Prag |
Nationalitéit | Tschechesch Republik |
Aktivitéit | Sculpteur, Konzeptkënschtler, visuelle Kënschtler, Dréibuchauteur |
Hie gouf international bekannt, wéi en 1991 zu Prag en Tanks op engem Monument fir d'Rout Arméi rosa ugestrach hat, an dofir fir kuerz Zäit an de Prisong koum. Zu Prag si seng meescht Wierker ze gesinn, dorënner den iwwerdimensionale Metronom um Letna-Hiwwel, do wou fréier eng Stalin-Statu stoung; Puppelcher, déi den Televisiouns-Sendemast eropkrauchen, eng nogemaacht Reiderstatu mam Hellege Wenzel, deen op engem doudege Päerd sëtzt, dat d'ënnescht-d'iewescht hänkt oder en Trabant mat Féiss am Gaart vun der däitscher Ambassade.
Fir Opreegung gesuergt hunn och e Waasserbaseng vun him, an de Konture vun Tschechien, bei deem zwou maanshéich Statue stinn, déi an de Baseng urinéieren, an deenen hire Stral ee via SMS Wierder "schreiwen" doe kann, an eng Nobildung vum Saddam Hussein, deen, wéi d'Haie vum Damien Hirst, am Formol schwëmmt.
Am Kader vun der tschechescher EU-Conseilspresidence am éischte Semester 2009, huet hien zu Bréissel am Patio vum Justus-Lipsius-Gebai, dem Sëtz vum Conseil vun der Europäescher Unioun, d'Konschtwierk Entropa ausgestallt.
Commons: David Černý – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.