Cristian Zaccardo

italieenesche Foussballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Cristian Zaccardo, gebuer den 21. Dezember 1981 zu Formigine an der Provënz Modena, ass en italieenesche Foussballspiller, den op der Positioun vum rietse Back spillt.

op ee Bléck Spillerinformatiounen, Veräiner an der Jugend ...
Remove ads

Carrière

De Cristian Zaccardo gouf 1991 vun Talentscoute vum FC Bologna bei engem Jugendturnéier entdeckt an direkt verflicht. Siwe Joer drop huet hien de Sprong an d'Primavera-Ekipp vum FC Bologna gepackt. Hien ass wéinst Blessen an der Saison 2000/01 bei de Spezia Calcio verléint ginn, eng Ekipp aus der Serie-C1. Duerno huet den Zaccardo nees 3 Joer hannereneen an der Serie A beim FC Bologna gespillt, wouvun en déi 2. Saison am Stammkader gespillt huet. Fir d'Saison 2004/05 ass hie bei d'US Palermo gewiesselt, bei där hien direkt am Stammkader war. 2004 ass koum hie fir déi éischt Kéier an den italieeneschen Nationalkader.

Vum 1. Juli 2008 bis den 29. August 2009 war den Zaccardo beim Bundesligist VfL Wolfsburg. Den 29. August 2009 huet den italieeneschen Éischtligist FC Parma den Zaccardo a sengem Kader confirméiert.

De 24. Januar 2013 ass den Zaccardo bannent der Liga bei den AC Mailand gewiesselt. Am Géigenzuch ass den Djamel Mesbah bei den FC Parma spille gaangen, an de Rodney Strasser duer verléint ginn.

Remove ads

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads