De Courrier du Grand-Duché de Luxembourg war eng franséischsproocheg Zeitung, déi vun 1844 bis 1868 zu Lëtzebuerg erauskomm ass.
Entête vum Courrier | |
Typ | Dageszeitung |
---|---|
Sprooch | Franséisch |
Éischt Ausgab | 3. Juli 1844 |
Lescht Ausgab | 27. Dezember 1868 |
Land | Lëtzebuerg |
Besëtzer |
Charles Metz, Norbert Metz |
Chefredakter | Mathieu-Lambert Schrobilgen |
Déi éischt Nummer ass op den Datum vum Mëttwoch 3. Juli 1844 datéiert.
Am Laf vun der Zäit ass Zuel vun den Nummere pro Woch vun zwou op sechs erhéicht ginn. Och goufen d'Wochendeeg vun der Verëffentlechung e puermol geännert:
- vu Juli 1844 bis Dezember 1855, mëttwochs a samschdes
- vu Januar 1856 bis Dezember 1856, donneschdes a samschdes
- vu Januar 1857 bis September 1859, mëttwochs, freides a sonndes
- vun Oktober 1859 bis Dezember 1860, all Dag ausser méindes.
Et war dëst den Nofollger vum Journal de la Ville et du Grand-Duché de Luxembourg (1826-1844). Chefredakter war de Mathieu-Lambert Schrobilgen (1789-1883). De Courrier war konzipéiert, der Luxemburger Zeitung (1844-45) vum Ernest Grégoire Konkurrenz ze maachen.[1]
Besëtzer vum Courrier waren d'Bridder a Schmelzhären Norbert (1811-1885) a Charles Metz (1799-1853). Si hunn, nodeem de Courrier opgehalen huet, eng däitschsproocheg Zeitung, d'Luxemburger Zeitung (1868-1941), erausginn.[1]
- Hilgert, Romain, 2004. Les journaux au Luxembourg 1704-2004, Service information et presse, Luxembourg. (Als Pdf an 2 Sprooche fir erofzelueden) (fr)(de)
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.