kathoulesch Kapell From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Cosmas an Damianuskapell vu Géidgen ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Ëlwen gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kapell vu Géidgen (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Géidgen | |||
Par | Ëlwen–Wäiswampich Saint-François | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Cosmas Hl. Damianus | |||
Baujoer | 1860 | |||
Koordinaten | 50° 08’ 59.5’’ N 06° 00’ 43.2’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Patréiner vun der Kapell sinn déi zwéin Helleg Cosmas an Damianus, deenen hiert Fest de 26. September gefeiert gëtt.
D'Kapell steet am Norde vum Duerf op der Strooss Am Duarref.
De 4. Oktober 2018 gouf se op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]
Bis de 7. Mee 2017 huet d'Kapell zur Par Wilwerdang gehéiert, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur Par Wilwerdang huet ausser der Kapell vu Géidgen och nach d'Parkierch vu Wilwerdang an d'Kapell vun Drénkelt gehéiert.
Commons: Cosmas an Damianuskapell vu Géidgen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.