Christophe Nanquette

lëtzebuergesche Museker From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Christophe Nanquette, gebuer 1981 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Museker a Musekspedagog. Hien huet op der Hochschule für Musik und Tanz Köln Schoulmusek mat Haaptfach Piano (beim Michael Endres a bei der Susanne Grützmann) an als Niewefach Perkussioun (beim Thomas Meixner) studéiert. Gläichzäiteg huet hien op der Kölner Universitéit Geographie an Erzéiungswëssenschafte studéiert.

Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...

No sengem Studium ass hien als Museksprofesser an de Lycée Classique zu Dikrech genannt ginn.

Als Enseignant vun der Musekssektioun (section F) dréit hie weesentlech zur Ausbildung vun zukünftege Lëtzebuerger Museksstudente bäi. Hie leet och d'Chorale vum Lycée.

Als Pedagog initiéiert a begleet hien donieft ganz ënnerschiddlech musekspedagogesch an edukativ Projeten.

Als Pianist ass hien och baussent dem Schoulkontext a verschiddene Formatiounen aktiv a begleet Museker, Chéier (Lëtzebuerger Lidderchouer, Ensemble Vocal du Luxembourg, Ensemble Vocal CANTICA, …), Sängerinnen a Sänger.

Hien ass Pianist a Grënnungsmember vum Lëtzebuerger Gesangssextett Cojellico’s Jangen.

Remove ads

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads