Remove ads
Stroossekënschtler From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sumo, gebuer den 9. Dezember 1976 als Christian Pearson zu Rustington, West Sussex, England[1], ass en däitsche Graffiti-Artist, Moler a Galerist deen zu Lëtzebuerg opgewuess ass an och do schafft.
Sumo | |
---|---|
Gebuertsnumm | Christian Alan Pearson |
Gebuer |
9. Dezember 1976 Rustington |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Stroossekënschtler, Graffiti-Kënschtler, Moler |
Hien huet zu London Grafikdesign studéiert.
De Sumo huet a senger Karriär bei villen Ausstellunge matgemaach. Déi éischt war 2003 am Ale Stadhaus zu Déifferdeng wou hien zesumme mat aneren Artisten wéi ë. a. dem Alexone seng Wierker gewisen huet. Aner Ausstellunge waren 2012 de "Goodbye Monopol[2]" zu Déifferdeng oder och "d'Schwaarzt Haus"[3] an der Rue de la Semois an der Stad am Joer 2018.
Op der UrbanArt Biennale an der Völklinger Hütte huet hien 2019 säi bis ewell gréisst Bild ausgestallt.
2012 ass d'Firma Metaform Architects[4] un hien erugetrueden mat der Demande, e Gebai an der Zéissenger Strooss an der Stad nei ze gestalten. A klengster Detailaarbecht ass sou eng Fassad an en Interieur ganz am Sumo sengem Stil entstanen.
Och am Atelier an der Hollerecher Strooss ass seng Konscht op de Maueren ze gesinn.
2021 huet hien an Zesummenaarbecht mam Porsche Zenter Roost um Rouscht e Porsche Taycan handbemoolt. Dat selwecht Joer huet hien den Design vun zwéi Fligere vun der Luxair[5] gemaach.
Him gehéiert zanter 2018 eng Galerie an der Stad Lëtzebuerg.
2022 war hien den éischte Kënschtler deen am Stater Graffiti- a Streetartprojet « LE MUR » matgemaach huet[6].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.